D’ aktuell Statute vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten besti scho zënter 1994. Am Laf vun de Jore si just e puer Ännerunge gemaach ginn, dofir gëtt et Zäit dës ze moderniséieren, fir dem Verband d‘ Handwierksgeschir fir d‘ Zukunft ze ginn. Dofir ass am Joer 2015 décidéiert ginn eis Statuten nei ze iwwerschaffen, vir den LGS eng nei an u gepassten Basis ze ginn vir déi nächst Joeren.

En Aarbechtsgrupp huet sech dëser Charge ugeholl den aus folgenden Memberen besteet:

  • Anthon Christophe
  • Duhr Francois
  • Heck David
  • Schmit Matthieu
  • Zampicinini Gino

Jiddereen ass häerzlech wëllkomm vir matzeschaffen an dem Grupp, et kann een sech einfach mëllen op statuten@lgs.lu. Mat dëser Homepage wëllen mer iech regelméisseg informéieren iwwert eis Aarbecht an Iddien, an är Meenung kréien zu den Iddien vir d ‘Statutenännerung.

Dofir schwëtzt mat!