Aktuell Statuten

Statuten

Ugeholl um Statute-Chefdag zu Bouneweg de 15. Mee 1994

Ofgeännert um Verbandskongress zu Gréiwemaacher den 28. September 1996

Ofgeännert um ausseruerdentlechen Verbandskongress um Belair den 24. Oktober 2004

Ofgeännert um Verbandskongress zu Beetebuerg den 23. September 2015

 

  1. Präambel

 

0.1       D'”Lëtzebuerger Scouten” an d'”Letzeburger Guiden” waren zwee Jugendmouvementer, denen hiirt Haaptzil d’Erzéiung vu Kanner a Jugendleche war. Allebéid hu se dobäi nom Erzéiungskonzept vum Baden-Powell geschafft. Hien huet séng Iddiën a séng Method ufanks vum 20. Jorhonnert, entspriechend de gesellschaftleche Strukture vun deemols, wuel getrennt fir Jongen a Medercher formuléiert, mee all Kéier an deer selwechter Zilsetzung an am selwechte Geescht. Haut hun déi gesellschaftlech Strukture geännert. Dofir hun déi zwee chrëschtlech orientéiert Verbänn, déi déi selwecht Ziler ustriewen, no intensivem Iwwerleën an Zesummenaarbecht de 15. Mee 1994 decidéiert, an engem eenzege Verband ze fusionéieren.

 

0.2       D’ Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS) / Guides et Scouts du Luxembourg goufen de 15. Mee 1994 gegrënnt. Dëse Verband as den Nofolger vum Verband vun de “Lëtzebuerger Scouten” a vum Verband vun de “Letzeburger Guiden”.

 

0.3       De Verband vun de “Lëtzebuerger Scouten” (Fédération Nationale des Scouts du Luxembourg – FNSL) huet 1919 déi Scoutstruppen zesummegefaasst, déi deemols – deelweis schon zënter 1913/14 – als Sektioune vum “Verband der luxemburgischen katholischen Jugendvereine” bestan huet.

D'”Lëtzebuerger Scouten” (LS) waren Grënnungsmêmber

  • vun der “Boy Scouts International Conference” a vum “Boy Scouts International Bureau” allebéid gegrënnt 1922 zu London, haut “World Organization of the Scout Movement” (WOSM) / “Organisation Mondiale du Mouvement Scout” (OMMS), mat Sëtz zu Genève;
  • vun der “Luxembourg Boy Scouts Association” (LBSA), zesummegesat aus der “Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg” (FNEL) an de “Lëtzebuerger Scouten” (LS), gegrënnt de 7. Oktober 1945 zu Lëtzebuerg;
  • vun der “Conférence Internationale du Scoutisme Catholique”, gegrënnt zu Lëtzebuerg, haut genannt “Conférence Internationale Catholique du Scoutisme” (CICS);
  • vun der “International Fellowship of Former Scouts and Guides” (IFOFSAG), gegrënnt de 24. Oktober 1953 zu Luzern.

D’ “Lëtzebuerger Scouten” ware “reconnu d’utilité publique” iwwer d’LBSA duerch “arrêté ministériel” vum 20.11.1978.

 


0.4       De Verband vun de “Letzeburger Guiden” (Catholic Luxembourg Girl Guides) as gegrënnt gin am November 1938 vum Mgr Pierre Posing.

D’ “Letzeburger Guiden” (LG) ware Member

  • zënter der 17. Weltkonferenz a Griechenland 1960 vun der “World Association of Girl Guides and Girl Scouts” (WAGGGS) / “Association Mondiale des Guides et Eclaireuses” (AMGE), mat Sëtz zu London a gegrënnt 1928 bei Geleënheet vun der 5. Weltkonferenz an Ungarn;

ware Grënnungsmêmber

  • vum “Bureau de Liaison des Associations Guides du Luxembourg” zesummegesat aus de “Letzeburger Guiden” an der “Association des Girl-Guides Luxembourgeoises” (AGGL), gegrënnt den 12. Oktober 1958 zu Lëtzebuerg.
  • vun der “Conférence Internationale Catholique du Guidisme” (CICG), gegrënnt 1965 zu Roum;
  • vun der “International Fellowship of Former Scouts and Guides” (IFOFSAG), gegrënnt de 24. Oktober 1953 zu Luzern;
  • vun der Fédération des Guides Luxembourgeoises, déi de 24. Abrëll 1987 gegrënnt gouf.

D’ “Letzeburger Guiden” ware “reconnu d’utilité publique” iwwer d'”Fédération Nationale des Guides Luxembourgeoises” duerch “arrêté ministériel” vum 4.2.1993

 

0.5       D’LGS versti sech als engagéiert Mêmbere vu WAGGGS a WOSM. Si erkennen domat d'”Constitution de l’Association Mondiale des Guides et Eclaireuses” an d'”Constitution de l’Organisation Mondiale du Mouvement Scout” un.

D’LGS gi Mêmber vun denen nationalen an internationalen Organisatiounen, zu denen d’LG an d’LS gehéiert hun.

D’LGS si Grënnungsmember vum Groupement des associations et fédérations scoutes-guides du Luxembourg a.s.b.l., deen den 3. Juli 2002 gegrënnt gouf.

 

  1. Grondsätz

 

1.1       Ausriichtung

De Verband vun de ” Lëtzebuerger Guiden a Scouten ” as e Jugendmouvement mat erzéiereschem Zil, deen op as fir jiddereen, dee Guidissem a Scoutissem no dëse Grondsätz liewe wëllt. Déi edukativ Aarbecht vum Verband baséiert op den Iddiën an op der Method vum Baden-Powell. Si riicht sech aus un der Persoun an un der Gudder Noriicht vu Jesus Christus.

All Guiden a Scoute si fräiwëlleg Mêmberen am Verband. D’Cheftainen an d’Chef féieren hir Charge fräiwëlleg an onentgeltlech duerch.

De Verband kann och bezuelte Mataarbechter hun.

De Verband vun de ” Lëtzebuerger Guiden a Scouten ” as parteipolitesch onofhängeg.

 

1.2       Ziler

Am Verband vun de ” Lëtzebuerger Guiden a Scouten” soll all eenzelne Mêmber versiche kënne séng kierperlech, geeschteg, moralesch, affektiv, sozial a reliéis Kompetenze progressiv ze entwéckelen. Doduerch kritt hie Fähegkeeten, léiert Haltung a Verhalensweisen , déi et him erlaben, säi Liewesprojekt ze réaliséieren an aktiv un der Weiderentwécklung vun der Gesellschaft matzeschaffen.

Dës Objektiver si vun alle Mêmberen unzestriewen an der Rumm vun de Méiglechketen, déi hiren physeschen Zoustand hinne gët.

1.2.1    Objektiver am Beräich vun de kierperleche Kompetenzen

Guiden a Scoute versichen

  • hire Kierper ze acceptéieren;
  • d’Méiglechkete vun hirem Kierper ze trainéieren an ze verbesseren;
  • d’Gesondheet als eppes Wäertvolles unzegesin;
  • e gesonde Liewesstil ze entwéckelen.

1.2.2    Objektiver am Beräich vun de geeschtege Kompetenzen

Guiden a Scoute versichen

  • sech ze informéieren a sech mat Iddiën auserneenzesetzen;
  • flexibel ze sin am Denken;
  • bereet ze sin, Menunge vun aneren ze respektéieren an unzehuelen;
  • kritesch ze sin, och géintiwwer sech selwer;
  • Problemer ze erkennen a Léisungen ze sichen;
  • Schwiregketen ze iwwerwannen an aushalen ze kënnen;
  • positiv ze denken a sech freën ze kënnen,
  • nozedenken iwwer e Sënn am Liewen;
  • Iwwerzegungen opzebauen an derzou ze stoen.

1.2.3    Objektiver am Beräich vun de moralesche Kompetenzen

Guiden a Scoute versichen

  • d’Gläichwäertegkeet vu Mann a Fra unzeerkennen an dono ze liewen;
  • fir d’Gläichwäertegkeet vun alle Mënschen anzestoen;
  • Wäerter unzerkenne wéi Solidaritéit, Toleranz an Autonomie;
  • sech anzesetze fir Fridden, Fräiheet, Wourecht a Gerechtegkeet;
  • selwer ëmweltgerecht ze liewen;
  • sech ze engagéiere fir d’Erhale vun der Schöpfung an dem Liewen an all sénge Formen;
  • d’Léift als Grondhaltung ze entwéckelen.

1.2.4    Objektiver am Beräich vun den affektiven a soziale Kompetenzen

Guiden a Scoute versichen

  • hir ege Gefiller ze erkennen, eeschtzehuelen, ze kontrolléieren an auszedrécken;
  • hir ege Sexualitéit an déi vun denen aneren ze acceptéieren an ze verstoen;
  • d’Gefiller vun denen aneren ze erkennen, ze acceptéieren an ze respektéieren;
  • Bezéiungen opzebauen an ze ënnerhalen;
  • sech anzesetze fir Frëndschaft a Partnerschaft am Grupp, an der Famill an an der Gesellschaft.
  • den Ëmgank an d’Gemeinschaft mat aneren unzestriewen;
  • ethnesch a kulturell Ënnerscheder ze verstoen an ze respektéieren;
  • konkret ze hëllefen, do wou Hëllef gebraucht gët;
  • aktiv matzeschaffen un der gerechter a mënschewiirdeger Weiderentwécklung vun der Gesellschaft heiheem, an Europa an an der Welt.


1.2.5    Objektiver am Beräich vun de reliéise Kompetenzen

Guiden a Scoute versichen

  • eng perséinlech Spiritualitéit ze entwéckelen;
  • Relatiounen zu Gott opzebauen an ze flegen;
  • opzesi fir Jesus Christus séng Gutt Noriicht;
  • hiirt sozialt Engagement als geliefte Chrëschtentum unzegesin;
  • sech konstruktiv mat der Institutioun Kiirch auserneenzesetzen;
  • matzehëllefen, eng lieweg Gemeinschaft opzebauen, wou Glawen a Liewe verbonnen a gefeiert gin.

 

1.3       Method

De Verband vun de ” Lëtzebuerger Guiden a Scouten ” schafft no der Erzéiungsmethod vum Lord Robert Baden-Powell of Gilwell.

1.3.1    Dës Method baséiert op enger ganzheetlecher Siicht vum Mënsch mat séngem Kierper, séngem Geescht a sénger Séil;

  • mat sénge Gefiller, sénger Sexualitéit a sénge Bezéiungen;
  • mat sénge Bedierfnësser, séngen Erwaardungen a séngen Dreem;
  • mat sénge Fähegketen, séngen Talenter a séngem Wëllen;
  • mat sénge Schwiregketen, sénge Mängel a sénge Feler;
  • mat sénge Wäerter, séngem Glawen a sénger Spiritualitéit;
  • mat sénger Plaz an der Gemeinschaft an an der Natur.
    • Et handelt sech ëm eng Method, déi aus villen Elementer besteet, déi géigesäiteg openee wierken an zesummen e Ganzt bilden.

Wichteg Elementer vun dëser Method sin

  • d’Liewen no Verspriechen, Engagement a Gesetz;
  • d’Léieren duerch Selwermaachen (learning by doing);
  • d’Glewen u jidderengem séng Fähegketen;
  • d’Selwerbewäerte vum perséinleche Fortschrëtt;
  • d’Orientéieren u Virbiller;
  • d’ Zesummeliewen a klenge Gruppen;
  • d’ progressiv Matbestëmmung a Matverantwortung (ask the boy/girl);
  • de regelméissegen Asatz fir déi aner (Bonne Action/good turn)
  • d’Spill an d’Erliefnes;
  • d’konkret Realisatiounen;
  • d’ Technike fir en einfacht Liewen an a mat der Natur;
  • d’ Verbonnesi mat der Natur;
  • d’ Opsi fir nei Techniken;
  • d’international Frëndschaft an Zesummegehéieregkeet (Weltbridderlechkeet)
  • d’ Erliewe vu Freed.

1.3.3    D’Erzéiungsmethod vun de ” Lëtzebuerger Guiden a Scouten gët entspriechend dem Alter vun hire Mêmberen ugewand. Och behënnert Kanner a Jugendlecher maachen an der Branche mat, oder kënnen a speziale Gamma-Gruppen zesummegefaasst gin.

Duerfir faasst de Verband d’Guiden an d’Scouten an altersspezifesche Branchen zesummen.

Dës Branchen, grad wéi de Mindest- an den Héchstalter an dene Branchen, gi vum Verbandsrot duerch e Reglement festgeluegt.

1.4       Gesetz, Engagement  an Devise

1.4.1    Gesetz

Eng Guide / e Scout

  1. as zouverlässeg
  2. as éierlech a fair
  3. as bereet ze hëllefen
  4. as gutt zu all Mënsch
  5. mécht den éischte Schrëtt a setzt sech a fir Gerechtegkeet
  6. respektéiert d’ Liewen an all sénge Formen
  7. kann nolauschteren a Kritik erdroen
  8. huet eng positiv Liewesastellung
  9. ka sech organiséieren a mécht näischt hallef
  10. hält sech kierperlech a geeschteg gesond

1.4.2    Engagement

Ech engagéiere mech,

mäi Liewe sënnvoll ze gestalten a Verantwortung ze iwwerhuelen,

méng Ëmwelt ze respektéieren a mech fir Fridden a Gerechtegkeet anzesetzen,

mech dobäi u Jesus Christus ze orientéieren an nom Guide/Scoutsgesetz ze liewen.

1.4.3    Devise

Ëmmer bereet!

 

1.5       Programmer

D’Programmer orientéiere sech

  • un dëse Grondsätz;
  • un den Dreem an den Erwaardunge vun de Kanner an de Jugendlechen;
  • un den Ufuerderungen an de Problemer vun der Zäit.

 

1.6       Verbandsofzeechen

D’ Verbandsofzeeche vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten as e gréngt Kléiblat mat enger mauwer Fleur de Lys an engem giele Kräiz.

 

 

 

 

E Reglement definéiert d’Faarwen an d’Grafik vum Verbandsofzeechen.

 


  1. De Verband

 

2.1       Missioun

D’ Missioun vum Verband as

  • d’Uweisungen an d’Programmer vun de Weltverbänn ze verwierklechen;
  • de Guidissem a Scoutissem no de Grondsätz, wéi se am Artikel 1 opgezielt sin, ënner der Jugend zu Lëtzebuerg ze verbreden an e weider ze entwéckelen;
  • d’Guiden- an d’Scoutsgruppen, déi d’Grondsätz vum Verband unerkennen, am Land zesummenzeschléissen, hinnen ze hëllefen a si no baussen ze vertrieden;
  • sech fir séng Mêmberen anzesetzen;
  • sech aktiv um Liewe vun der Lëtzebuerger Kiirch a vum Land ze bedelegen an dobäi fir déi Wäerter anzetrieden, déi an de Grondsätz enthale sin;
  • Kontakter ze flege mat unerkannten in- an auslännesche Guiden- a Scoutsverbänn.

 

2.2       Mêmberen

De Verband setzt sech zesummen aus

  • séngen ageschriwene Gruppe mat hire Mêmberen;
  • de Mêmbere vum Verbandsgrupp;
  • de fräie Mêmberen.

Jongen a Medercher kënnen an de Verband opgeholl gin, ouni Ënnerscheed vu Rass, Relioun, Sprooch, Nationalitéit, vun hire kierperlechen an/oder geeschtege Fähegkeeten, vun hirem soziale Milieu. Si musse sech fräiwëlleg mellen. Bei Mannerjärege gin d’Elteren d’Erlaabnes.

Erwuesse Leit kënnen, wa se sech fräiwëlleg mellen, an de Verband opgeholl gin

  • als Cheftainen oder als Chef;
  • als Mataarbechter an engem lokale Grupp oder am Verbandsgrupp;
  • als fräie Mêmber.

All Mêmber bezillt all Joer eng Cotisatioun a kritt eng Mêmberskaart.

Wéinst uerge Verstéiss géint d’Statuten oder d’Reglementer vum Verband kann een duurch d'(e) Commissaire général(e) op Initiativ vum Gruppechef/taine an no Unhéiere vum Grupperot a vum Verbandscomité aus dem Verband ausgeschloss gin.

Ir e Mêmber kann ausgeschloss gin, muss en d’Geleënheet kréien, säi Standpunkt ze vertrieden.

 

2.3       Éieremêmber

De Verband kann Éierememberen hun.

De Verband hält frëndschaftlech Relatioune mat fréiere Guiden a Scouten.

 

2.4       Mêmberschaft

De Verband as Mêmber vum “Bureau de liaison des Associations Guides du Luxembourg” a vun der “Luxembourg Boy Scouts Association”, an domat och Mêmber vun den entspriechende Weltorganisatiounen. Donieft ass de Verband Member vum “Groupement des associations et fédérations scoutes-guides du Luxembourg a.s.b.l.”

 

2.5       Sëtz

De Sëtz vum Verband as Lëtzebuerg.

 

2.6       Akommes

Dem Verband säin Akommes besteet ënner anerem aus Cotisatiounen, Subsiden an Dônen.

 

2.7       Immobilien

D’Grondgutt vum Verband ass am Besëtz vun enger “association sans but lucratif” an/oder enger Fondatioun.

 

  1. D’ Andeelung vum Verband: de Grupp

 

3.1       Definitioun

De Grupp as d’Käreenheet vum Verband. Hie ka Jongen a Medercher (coedukative Grupp), oder nëmme Jongen oder nëmme Medercher (Guidegrupp resp. Scoutsgrupp genannt) aus enger Uertschaft, enger Par, engem Quartier oder enger Géigend zesummefaassen. An enger Uertschaft, Par, Quartier oder Géigend kënne méi Gruppe sin.

De Grupp féiert a séngem Titel d’Bezeechnung ” Lëtzebuerger Guiden a Scouten ” a wielt sech en Numm, dee vum Verbandscomité guttgeheescht gët.

 

3.2       Zesummesetzung

E Grupp begräift eng oder méi Branchenunitéite vun dene verschiddenen Altersstufen. An denen eenzelne Branchenunitéite kënne Medercher a Jongen (coeducativ Unitéit) oder nëmme Medercher oder nëmme Jonge sin.

 

3.3       Ledung

De Grupp gët geleet an no bausse vertruede vun engem(r) Gruppechef/taine. Dem(r) Gruppechef/taine steet ee(eng) Gruppechef/taine adjoint(e) zur Säit, wa méiglech vum anere Geschlecht.

De Gruppechef/taine a säin Adjoint(e) gi vum Grupp gewielt a vum Commissaire général(e) ernannt

De Gruppechef/taine as dem Verband géintiwwer verantwortlech fir d’gutt Fonktionnéiere vum Grupp no de Grondsätz, Statuten a Reglementer vun de ” Lëtzebuerger Guiden a Scouten “.

En Aumônier an/oder een oder méi Animateur(s) spirituel(s) begleeden de Grupp, d’Cheftainen an d’Chef an hirer Charge. Si suerge fir déi spirituell a reliéis Formatioun an Animatioun am Grupp.

Déi eenzel Branchenunitéiten hun e Branchechef/taine an Assistenten.

 


3.4       Grupperot

De Gruppechef/taine, de Gruppechef/taine adjoint(e), den Aumônier, d’ “Animateurs spirituels”, d’Branchechef/taine, d’Assistenten, d’Stagiairen, de Sekretär an den Tresorier sin zesummen de Grupperot.

De Grupperot vertrëtt de Guidissem/Scoutissem an der Uertschaft, Par resp. Géigend a setzt sech a fir Wäerter, déi an de Statute vum Verband enthale sin.

De Grupperot suergt fir

  • d’Organisatioun an d’Ledung vum Grupp an d’Animatioun vum Guidissem a Scoutissem op lokalem Plang no de Statuten, de Reglementer an den Direktive vun der Verbandsledung;
  • d’Coordinatioun vun de Programmer an den eenzelne Branchenunitéiten;
  • de Rekrutement vu Mêmberen an de Nowues vu Cheftainen a Chef;
  • d’Matmaache bei der Verbandsformatioun vu sénge Cheftainen a Chef;
  • en Del vun der perséinlecher Formatioun vun de Cheftainen a Chef;
  • de Kontakt mat de lokalen Autoritéiten an Awunner;
  • de Kontakt mat dem Verband a sénger Ledung;
  • de Kontakt mat den Elteren a mat fréiere Guiden a Scouten;
  • déi néideg materiell, finanziell an infrastrukturméisseg Viraussetzunge fir d’Aktivitéite vun de Branchen;
  • d’Gestioun vun de finanzielle Mëttelen an dem materielle Besëtz an d’Opstelle vun de Joreskonten an dem Joresbudget vum Grupp.

 

3.5       Chefernennung

D’Cheftainen an d’Chef gi vum Commissaire général(e) ernannt; d’Aumônieren an d’Animateurs spirituels gi vum Commissaire général(e) a vum Aumônier général ernannt. Eng Ernennung gëlt an der Regel fir maximal 3 Joer a kann da verlängert gi je no de Bestëmmunge vun engem Reglement.

Eng Cheftaine oder e Chef ka wéinst uerge Verstéiss géint d’Guiden- a Scoutsgesetz, d’Statuten an d’Reglementer vum Verband oder wéinst nogewisener Onfähegkeet duerch de Commissaire général(e) vu sénger Charge entbonne gin. Si resp. hie muss awer virdrun d’Geleënheet kréien, säi Standpunkt ze vertrieden. E Reglement leet d’Modalitéiten iwwer d’Konditioune fir Cheftaine a Chef ze ginn an iwwer d’Ernennunge fest.

 

3.6       Ophuelen an Ausschléisse vun engem Grupp

E Reglement leet d’Modalitéite fest, wéi e Grupp an de Verband opgeholl gëtt a wéini en als opgeléist gëlt.

 

3.7       Verméigen

De Grupp huet d’Recht, Verméigen an eng Keess ze hun. De Verbandscomité kann d’Keess an d’Bicher kontrolléieren.

D’ Grondgutt vum Grupp as am Besëtz vun enger “association sans but lucratif” an/oder enger Fondatioun.

E Grupp, dee suspendéiert, oder opgeléist gët, deen opgeléist ass kritt säi Verméige wärend 10 Joër duerch de Verbandscomité verwalt. Gouf de Grupp bis dohin nët nei lancéiert, fällt dat Verméigen definitiv an e Spezialfong mam Zweck, Gruppen déi nei entstin, ze ënnerstëtzen.

 

 

3.8 Ënnerstëtzung

Dem Grupp kann e Gruppement vu Leit zur Säit stoen an him hëllefen. Dës sin nët un der Ledung vum Grupp bedelegt.

 

  1. D’ Ledung vum Verband

 

4.0       National Organer

Déi National Organer vum Verband sin:

  • de Verbandskongress
  • de Chefdag
  • de Verbandsrot
  • de Commissaire général(e), de Commissaire général(e) adjoint(e) an den Aumônier général
  • de Verbandscomité
  • de Verbandsgrupp
  • den Ombudsrot
  • den Éiererot
  • den Nationalrot
  • Equipe mat spezifeschen Aufgaben

 

4.1       De Verbandskongress (Congrès fédéral)

4.1.1    Zesummesetzung

De Verbandskongress besteet aus:

  • de Mêmbere vum Verbandsgrupp
  • den ernannte Cheftainen a Chef;
  • den ernannten Aumônierën an den ernannten Animateurs spirituels, déi all stëmmberechtegt sin.

4.1.2    Aberuffen

De Verbandskongress gët vum Commissaire général(e) am Ufank vun all Aktivitéitsjoer zesummegeruff.

D’Aktivitéitsjoer dauert vum 15. September bis de 14. September. D’Finanzjoer dauert vum 1. Januar bis den 31. Dezember.

Den Datum vum Verbandskongress gët op d’manst 4 Méint am viraus publizéiert. Virschléi fir den “Ordre du jour” sin op d’ manst 3 Méint virum Verbandskongress schrëftlech un de Verbandscomité ze riichten.

De Verbandscomité setzt den “ordre du jour” am Averständnes mat dem Verbandsrot fest.

D’Invitatioune mat dem “Ordre du jour” gi fréistens 6 Wochen an op d’manst 3 Woche virum Verbandskongress verschéckt.

All Propositioune fir Statutenëmännerunge mussen op d’ manst 3 Méint am viraus verschéckt gin.

An Ausnamefäll kann de Commissaire général(e) oder de Verbandsrot en aussergewéinleche Verbandskongress zesummerufen. Den Délai fir en anzeberuffen as wéinstens 3 Wochen.

En aussergewéinleche Verbandskongress muss zesummekommen, wann op d’ manst ee Véierel vun de stëmmberechtegte Mêmberen et verlaangt.

All ernannten Chef(taine) soll um Verbandskongress present sinn. All Grupp soll um Verbandskongress vertrueden sinn.

4.1.3    Kompetenzen

De Verbandskongress

  • kritt de Joresrapport iwwer d’Aktivitéiten virgeluegt; en diskutéiert driwwer an décidéiert;
  • befënnt iwwert déi grouss Linne vun den Aktivitéiten a vun der Verwaltung vum Verband fir dat Joer, wat kënnt;
  • kritt de Kont vum leschte Finanzjoer virgeluecht a Virschléi gemaach fir d’Cotisatiounen an de Budget vum nächste Finanzjoer; en diskutéiert driwwer an decidéiert;
  • wielt de Commissaire général(e) a säin Adjoint(e) – déi sech als Team stellen – fir 3 Joer;
  • kann dem Verbandscomité Aufgaben iwwerdroen;
  • wielt d’Membere vum Verbandsrot fir d’Dauer vum Mandat vum Commissaire général(e);
  • ka Resolutioune faassen; (iwwer d’Resolutioune gët de Verbandsrot e Reglement eraus);
  • stëmmt d’Statuten (vergl. Art. 5.2.);
  • kann de Verband opléisen (vergl. 5.3.).

4.1.4    Ofstëmmen

All ernannte Chef/taine as stëmmberechtegt, ausser wann e séng Verbandcotisatioun nët bezuelt huet, obschon en derzou opgefuerdert gouf.

All stëmmberechtegte Member vum Verbandskongress huet nëmmen eng Stëmm.

E stëmmberechtegte Member vum Verbandskongress, dee fir de Kongress verhënnert ass, kann engem anere stëmmberechtegte Member vum Verbandskongress eng Procuratioun gi fir a sengem Numm ofzestëmmen. E stëmmberechtegte Member vum Verbandskongress dierf maximal een (1) anere stëmmberechtegte Member vum Verbandskongress vertrieden.

E Verbandskongress, dee statuteméisseg ageruff gouf, as beschlossfäheg, egal wéivill Cheftainen a Chef do sin.

D’Decisioune gi mat einfacher Stëmmemajoritéit geholl, ausbehal d’Statutenëmännerungen an d’Opléise vum Verband.

Et kann nëmmen iwwer Punkten, déi um Ordre du jour stin, diskutéiert an ofgestëmmt gin. Ausnaamsweis kann de Verbandskongress e Punkt op den Ordre du jour setzen. Dëst gëlt awer nët fir d’Statutenëmännerungen an d’Opléise vum Verband.

Bei dem Vote vun den Déchargë vum leschten Aktivitéitsjoer stëmmt de Verbandscomité net mat of.

D’Modalitéiten iwwert d’Ofstëmmen an d’Wiele ginn an engem Reglement festgehalen.

4.1.5    President

De Verbandskongress gët geleet vun engem President, deen op Propositioun vum Commissaire général(e) vum Verbandskongress bestëmmt gët.

Iwwer all Decisioune vum Verbandskongress gët e Rapport geschriwwen, dee vum President vum Verbandskongress a vum Administratiounscommissaire ënnerschriwwe gët.

 


4.2       De Chefdag (Journée des chefs)

4.2.1    Zesummesetzung

De Chefdag besteet aus:

  • de Mêmbere vum Verbandsgrupp;
  • alle Cheftainen a Chef;
  • den Aumônierën an den Animateurs spirtuels.

4.2.2    Aberuffen

De Chefdag gët, vum Commissaire général(e) fir den Ufank vum Aktivitéitsjoer zesummegeruff.

Den Datum vum Chefdag gët op d’manst 4 Méint am viraus publizéiert.

Virschléi fir den “Ordre du jour” sin op d’manst 3 Méint virum Chefdag schrëftlech un de Verbandscomité ze riichten.

De Verbandscomité setzt den “Ordre du jour” am Averständnes mam Verbandsrot fest.

D’ Invitatioune mat dem “Ordre du Jour” gi fréistens 6 Wochen an op d’manst 3 Woche virum Chefdag verschéckt.

An Ausnamefäll kann de Commissaire général(e) en aussergewéinleche Chefdag zesummeruffen. Den Délai fir en anzeberuffen as wéinstens 3 Wochen.

All Chef(taine) soll um Chefdag present sinn. All Branche aus dem Grupp soll um Chefdag vertrueden sinn.

4.2.3    Kompetenzen

De Chefdag

  • as eng Plaz vum Austausch, wou ee sech begéint a vu Formatioun fir Cheftainen a Chef;
  • lancéiert d’Aktivitéitsjoer a ventiléiert de Joresprogramm;
  • hëlt Stellung zu Froen, déi de Programm (Method an Aktivitéiten) an d’Formatioun ugin;
  • mécht Virschléi fir Aktiounen, déi op d’Objektiver vum Paragraph 1.2. lasssteieren;
  • kann dem Verbandscomité Aufgaben iwwerdroen;

4.2.4    Ofstëmmen

All ernannte Cheftaine a Chef um Chefdag huet Stëmmrecht ausser wann e séng Verbandscotisatioun nët bezuelt huet, obschon en derzou opgefuerdert gouf.

E Chefdag, dee statuteméisseg aberuff gouf, as beschlossfäheg, egal wéivill Cheftainen a Chef do sin.

D’ Decisioune gi mat einfacher Stëmmmajoritéit geholl.

Et kann nëmmen iwwer Punkten, déi um “Ordre du jour” stin, diskutéiert an ofgestëmmt gin.

Ausnaamsweis kann de Chefdag e Punkt op den “Ordre du jour” setze mat einfacher Stëmmemajoritéit an op Propositioun vun engem vu sénge stëmmberechtegte Cheftainen a Chef.

4.2.5    Leedung

De Chefdag gëtt geleet vum Commissaire général(e) oder vun enger vun him bestëmmte Persoun geleet.

 

4.3       De Verbandsrot  (Conseil fédéral)

4.3.1    Missioun

De Verbandsrot vertrëtt d’Cheftainen an d’Chef an de Perioden tëscht de Verbandskongresser.

4.3.2    Zesummesetzung

De Verbandsrot besteet aus:

  • dem Commissaire général(e), de Commissaire général(e) adjoint(e) an dem “Aumônier général”;
  • 3 ernannte Gruppechef/tainen resp. Gruppechef/tainen adjoint(e); si gi vun den ernannte Gruppechef/tainen an Gruppechef/tainen adjoint(e) gewielt;
  • 2 ernannten Aumônierën resp. Animateurs spirituels; si gi vun den ernannten Aumônierën an “Animateurs spirituels” gewielt;
  • 2 ernannte Cheftainen a Chef pro Branche; si gi vun den ernannte Cheftainen a Chef vun hirer Branche gewielt.

De Verbandsrot kann zousätzlech eng ernannte Cheftaine oder een ernannte Chef, déi/dee mat behënnerte Guiden oder/a Scoute schafft, cooptéieren.

De Verbandsrot soll op d’manst zu engem Drëttel aus Fraë resp. Männer bestoen; as dat nët de Fall, kann de Verbandsrot esouvill ernannte Chef/taine wéi néideg cooptéieren.

D’ Mêmbere vum Verbandsrot duerfe mat Ausnam vum Commissaire général(e), vum Commissaire général(e) adjoint(e) a vum “Aumônier général” nët am Verbandscomité sin.

De Commissaire général(e), de Commissaire général(e) adjoint(e) an den “Aumônier général” sin nët stëmmberechtegt. De Verbandsrot bestëmmt fir d’ Dauer vu séngem Mandat ee vu sénge stëmmberechtegte Mêmberen zum President, deen d’ Reuniounë leet. Wann de President verhënnert ass, gëtt d’Reunioun vun dem stëmmberechtegte Member, deen am längsten am Verbandsrot ass, geleet. Trëfft dat op méi Memberen zou, ass et um eelste vun deene fir d’Reunioun ze leeden.

De Verbandsrot bestëmmt säi Sekretär, deen d’Decisioune schrëftlech festhält. De Sekretär muss net gewielte Member vum Verbandsrot sinn. Stëmmberechtegt sinn awer nëmmen déi gewielte Memberen.

Wann e gewielte Mêmber fréizäiteg ausscheet, wielt den nächste Verbandskongress en Nofolger, dee säi Mandat zu Enn féiert. Wann e cooptéierte Mêmber fréizäiteg ausscheet, cooptéiert de Verbandsrot eng ernannte Cheftaine oder en ernannte Chef fir d’Mandat vum ausgescheete Mêmber zu Enn ze féieren.

E Mêmber vum Verbandsrot, deen d’Konditioun fir Mêmber vum Verband oder Mêmber vum Verbandsrot ze gin nët méi erfëllt, scheet aus dem Verbandsrot aus a muss ersat gin.

4.3.3    Aberuffen

De President rifft de Verbandsrot op manst 3 mol am Joer zesummen.

Fir déi éischt Réunioun vum Mandat ruffen de Commissaire général(e) an de Commissaire général(e) adjoint(e) de Verbandsrot zesummen. Si kënnen de Verbandsrot och fir aner Réuniounen zesummeruffen.

D’ Invitatioun mam “Ordre du jour” gin op d’manst 2 Wochen am viraus verschéckt.

De Verbandsrot muss zesummekommen, wann op d’manst 1/3 vu sénge Mêmberen et verlaangt.

4.3.4    Kompetenzen

De Verbandsrot

  • iwwerwaacht d’Aarbecht vum Verbandscomité;
  • suergt derfir, datt d’Decisioune vum Verbandskongress a vum Chefdag agehal gin;
  • kritt vum Verbandscomité oder vun engem Mêmber vum Verbandsrot Propositioune vu Reglementer virgeluegt; en diskutéiert driwwer an décidéiert;
  • muss säin Accord gi fir ausserbudgetär Ausgaben;
  • gët säin Avis of zu alle Punkten, déi him vum Verbandscomité virgeluegt gin;
  • ka Froen un de Verbandscomité stellen;
  • ernennt 3 Keessereviseure fir d’Finanzgestioun vum Verband ze kontrolléieren;
  • ernennt dräi Memberen vum Ombudsrot
  • wielt den Éiererot
  • kritt vum Verbandscomité d’Propositioun fir den “Ordre du jour” vum Verbandskongress a vum Chefdag virgeluegt, en diskutéiert driwwer an décidéiert.

All Propositioune fir Statutenëmännerunge mussen op den “Ordre du jour” kommen.

4.3.5    Ofstëmmen

E Verbandsrot, dee statuteméisseg ageruff gouf, as beschlossfäheg, wann d’Majoritéit vu sénge stëmmberechtegte Mêmberen do sin. D’ Décisioune gi mat 2/3 Majoritéit geholl.

Wann de Verbandsrot net beschlossfäheg ass, gëtt en “aussergewéinleche Verbandsrot” fir fréistens no zwou Wochen a spéitstens no engem Mount statuteméisseg aberuff. Dëse Verbandsrot hëlt d’Decisioune mat 2/3 Majoritéit, egal wéivill Memberen do sinn.

 

4.4       De Commissaire général(e) an den Aumônier général

De Verband gët geleet an no bausse vertrueden duerch de Commissaire général(e). Him zur Säit steet e Commissaire général(e) adjoint(e). Et soll wa méiglech de Geschlechtsprinzip (e Mann an eng Fra) respektéiert ginn. Béid Commissairen hun e Mandat vun 3 Joer a gin um Verbandskongress gewielt. Si kënne fir maximal 4 Mandater gewielt gin.

Wann de Commissaire général(e) fréizäiteg ausscheet, iwwerhëlt de Commissaire général(e) adjoint(e) d’Ledung vum Verband bis zum nächste Verbandskongress.

Dem Commissaire général(e) an dem Commissaire général(e) adjoint(e) zur Säit steet den Aumônier général. Hie gët no Récksprooch mat dem Verbandscomité vum Erzbëschof vu Lëtzebuerg ernannt.

De Commissaire général(e) an de Commissiare général(e) adjoint(e) ernennen zesummen d’Commissairë fir d’Dauer vun hirem Mandat. Fir d’Branche-Commissairen an de Commissaire fir Gruppechef/tainen ernennen si e Commissaire adjoint(e) dee vum anere Geschlecht soll sinn.

De Commissaire général(e) an de Commissaire général(e) adjoint(e) kënnen zesummen, nom Uhéieren vum Ombudsrot e Commissaire fréizäiteg vu senger Charge entbannen.

Den Aumônier général ernennt déi eenzel Verbandsaumônierën an /oder Verbands-Animateurs-Spirituelen.

Den Aumônier général kann e Verbandsaumônier oder e Verbands-Animateur-Spirituel fréizäiteg vu senger Charge entbannen.

De Verband ka Permanentën hun. Si kréien hir Missioun vum Commissaire général(e) a vum Commissaire général(e) adjoint(e).

 

4.5 De Verbandscomité (Comité fédéral)

4.5.1 Zesummesetzung

De Verbandscomité besteet aus dem Commissaire général(e), dem Commissaire général(e) adjoint(e), dem Aumônier général, Verbandsaumônierën, an allen anere Commissairën. Dobäi däerf d’ Zuel vun am ganze 27 Comitésmemberen nët iwwerschratt gin.

De Verbandscomité ka Leit mat berodender Stëmm a séng Réuniounen invitéieren.


4.5.2    Aberuffen

De Commissaire général(e) rifft de Verbandscomité esou dacks zesummen, wéi d’Ledung vum Verband et erfuerdert, a leet d’Réuniounen.

4.5.3 Kompetenzen

De Verbandscomité

  • féiert de Verband no de Statuten an de Reglementer a mat deem Budget, deen de Verbandskongress ugeholl huet;
  • leet déi grouss Orientéierung vum Verband fest no den Décisioune vum Verbandskongress a vum Chefdag;
  • sicht Mëttelen a Weër fir d’Decisioune vum Verbandskongress a vum Chefdag an d’Praxis ëmzesetzen;
  • schafft Propositioune fir Reglementer aus an ënnerbreet se dem Verbandsrot;
  • organiséiert d’Formatioun vun de Cheftainen a Chef;
  • schafft Propositioune fir den “Ordre du jour” vum Verbandskongress a vum Chefdag aus, an ënnerbreet se dem Verbandsrot;
  • as responsabel fir d’Verbandsverméigen.

E ka sech fir verschidden Aufgaben opdelen.

4.5.4    Ofstëmmen

De Verbandscomité as beschlossfäheg wann d’ Majoritéit vu sénge Mêmberen do sin. Sollt eng Ofstëmmung néideg sin, gin d’ Décisioune mat einfacher Stëmmemajoritéit geholl.

 

4.6       De Verbandsgrupp (Groupe fédéral)

D’National Branchenequipen an aner spézialiséiert Equipen, Delegéiert bei eenzelnen Organisatiounen an aner Verbandsresponsabel hëllefen de Commissairë bei hirer Aarbecht.

De Commissaire général(e) ernennt d’Mêmbere vun denen Equipen, dës Delegéiert a Responsabel, op Virschlag vun dem zoustännege Commissaire fir d’Dauer vun hirem eegene Mandat.

Si sin all zesumme mam Verbandscomité de Verbandsgrupp.

 

4.7       Den Ombudsrot

 

4.7.1. Aufgab

D’Aufgab vum Ombudsrot ass et teschent zwou oder méi Parteien ze vermëttelen, fir op gemeinsamer Basis an am Guiden- a Scoutsgeescht eng Léisung fir de Problem ze fannen.

 

4.7.2    Zesummesetzung

Den Ombudsrot besteet aus 5 Memberen, dovun op d’mannst 2 Fraë resp. Männer. Dräi vun dëse Membere gi vum Verbandsrot an zwee vun dëse Membere gi vum Verbandscomité fir d’Dauer vun engem Mandat ënner den ernannte Cheftainen a Chef oder ënner fréiere Cheftainen a Chef vum Verband bestëmmt. Si duerfen net am Verbandsgrupp an net am Verbandsrot sinn. E Reglement leet déi genau Modalitéiten fest.

Den Ombudsrot bestëmmt fir d’Dauer vu sengem Mandat ee vu senge Memberen zum President, deen d’Reunioune leet.

 

4.7.3    Kompetenzen

Den Ombudsrot kann ugeruff ginn:

– bei gréissere Meenungsverschiddenheeten tëschent Membere vum Verband;

– bei Problemer mat de Statuten an de Reglementer vun den LGS;

– bei grousse mënschlechen Differenzen;

– wann e Member sech ongerecht behandelt fillt.

 

4.7.4.   Prozedur

*) Nodem déi betreffend Membere probéiert hunn eng Léisung am Gudden ze fannen, kann den Ombudsrot mat engem Fall befaast ginn duerch:

– e Member;

– e Comitésmember, de sech mam Fall befaasst huet, nodeem verschidden Informatiounen doriwwer un hie gedroë goufen.

*) Den Ombudsrot muss no dräi Méint en Avis ofginn.

*) Den Ombudsrot héiert déi verschidde Parteien un a ka sech weider     Informatioune bei Drëtten anhuelen.

*) Den Ombudsrot probéiert tëschent de betraffene Parteien ze vermëttlen an eng gemeinsam Léisung ze fannen, mat där jiddweree liewe kann.

*) Ass dat net méiglech, gëtt den Ombudsrot en Avis de Non-Conciliation of.

*) Pro Fall gëtt e Rapport vum Ombudsrot geschriwwen, wou déi betreffend Parteien drop stinn, eng kuerz Beschreiwung vum Problem, d’Zesummesetzung vum Ombudsrot, d’Datumer an d’Presenz vun de Versammlungen an de gemeinsame Léisungsvirschlag respektiv den Avis. Bei enger Léisung am Gudden ënnerschreiwen déi betreffend Parteien an d’Membere vum Ombudsrot. Bei engem Avis ënnerschreift just den Ombudsrot.

 

4.8       Den Éiererot

 

4.8.1. Aufgab

D’Aufgab vum Éirerot ass fir am Fall vun enger Non-Conciliatioun beim Ombudsrot ze tranchéieren.

 

4.8.2    Zesummesetzung

Den Éiererot besteet aus 5 Memberen, dovun op d’mannst 2 Fraë resp. Männer. Si gi vum Verbandsrot fir d’Dauer vun engem Mandat gewielt. All ernannte Cheftainen a Chef oder fréiere Cheftainen a Chef vum Verband, déi nëtt am Verbandsgrupp an am Verbandsrot ass, kann seng Kandidatur stellen. E Reglement leet déi genau Modalitéiten fest.

Den Éiererot bestëmmt fir d’Dauer vu sengem Mandat ee vu senge Memberen zum President, deen d’Reunioune leet.

 

4.8.3    Kompetenzen

Dem Éiererot kann nëmmen bei enger Non-Conciliatioun am Ombudsrot vun enger vun de betraffenen Parteien ugeruff ginn.

 

4.8.4.   Prozedur

*) Spéidstens 6 Wochen nodem den Ombudsrot säin Avis de Non-Conciliatioun geholl huet muss den Éirerot vun enger vun de betraffenen Parteien ugeruff ginn.

*) Den Éirerot muss no dräi Méint eng Décisioun geholl hunn.

*) Den Éirerot héiert déi verschidde Parteien un a ka sech weider             Informatioune bei Drëtten anhuelen.

*) Op Basis vun denen virleienden Donnéeën hëllt den Éirerot eng Decisioun. Géint d’Décisioune vum Éiererot as keen Appell méiglech.

*) Pro Fall gëtt e Rapport vum Éirerot geschriwwen, wou déi betreffend Parteien drop stinn, eng kuerz Beschreiwung vum Problem, d’Zesummesetzung vum Éirerot, d’Datumer an d’Presenz vun de Versammlungen an d’Décisioun, déi vum ganzen Éirerot ënnerschriwwe gëtt.

 

 

4.9       Den Nationalrot (Conseil National)

4.9.1    Zesummesetzung

Den Nationalrot besteet aus Fraen a Männer, déi eng wichteg Roll am Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten, an der Lëtzebuerger Guiden a Scouten a.s.b.l., an der Fondatioun Lëtzebuerger Guiden a Scouten am Déngscht vun de Jonken oder an der ONG “Guiden a Scouten mat der Drëtter Welt” spillen oder gespillt hunn, respektiv dem Verband no bausse vun Notze kënne sinn.

D’Membere gi vum Commissaire général(e) fir d’Dauer vu sengem Mandat bestëmmt. D’Reunioune gi geleet vum Commissaire général(e) oder vun engem vun him bestëmmte Member vum Nationalrot.

 

4.9.2 Aberuffen

De Commissaire général(e) rifft den Nationalrot op d’mannst 1 mol am Joer zesummen.

 

4.9.3    Kompetenzen

Den Nationalrot:

  • erméiglecht den Dialog tëschent deenen eenzelnen uewe genannten Organisatiounen;
  • kritt 1 mol am Joer Rapport gemaach iwwer d’Liewen am Verband;
  • beréit de Commmissaire général(e) a säin Adjoint(e);
  • ënnerstëtzt de Verband an hëlleft en no baussen ze representéieren;
  • ernennt d’Éierermemberen.

 

4.10     Equipe mat spezifischen Aufgaben

De Commissaire général(e) kann Equipen op d’Been stellen, déi nët Mêmber vum Verbandsgrupp sin, déi eng spezifesch Aufgab kréien an an der Zäit begrenzt sin.

D’ Dauer vun dësen Equipen as nët gebonnen un d’Mandat vum Commissaire général(e).

 


  1. Schluss- an Iwwerganksbestëmmungen

 

5.1       Reglementer

Als Ausféierungsbestëmmungen zu dëse Statute komme Reglementer eraus.

Dës Reglementer kënnen entweder vum Verbandsrot oder vum Verbandscomité virgeluecht ginn. E Reglement gëlt als ugeholl, wann déi zwee Gremien zougestëmmt hunn.

Alles wat nët an dëse Statuten an an de Reglementer virgesin as, fällt an de Kompetenzberäich vum Verbandscomité. Dës Reglementer trieden a Kraaft, wa si offiziell an enger Chefzeitung publizéiert sin.

 

5.2       Statutenëmännerungen

D’Statute kënnen nëmmen op engem statuteméisseg aberuffene Verbandskongress ëmgeännert gin.

Propositioune fir Statutenëmännerunge sin op d’ manst 4 Méint am viraus beim Commissaire général(e) schrëftlech anzereechen. All Propositioune fir Statutenëmännerunge gin op d’manst 3 Méint virun dem betreffende Verbandskongress un d’ Cheftainen an d’ Chef verschéckt.

Bis 6 Woche virum Kongress hunn d’Cheftainen an d’Chef mat Stëmmrecht um Kongress d’Méiglechkeet Amendementer iwwert déi proposéiert Ännerunge beim Commissaire général(e) schrëftlech eranzereechen.

E Reglement leet déi genee Modalitéite vun enger Statutenännerung fest.

D’Statute kënnen nëmmen duerch 2/3-Stëmmemajoritéit vum Verbandskongress ëmgeännert gin.

 

5.3       Opléise vum Verband

De Verbandskongress kann de Verband opléise mat 3/4-Stëmmemajoritéit. An dësem Fall bestëmmt de Verbandskongress, op Propositioun vum Verbandscomité, wat mat dem Verbandsverméige geschitt.

 

5.4       Iwwerganksbestëmmungen

Dës Statuten trieden de 25. September 1994 a Kraaft.

Si goufen den 28. September 1996,den 24. Oktober 2004 an den 23. September 2015 ofgeännert.

LGS-Statuen op lëtzebuergesch (2015) [PDF]

Statuts des LGS en français (2004) [PDF]