Administrativenrot

Dir kënnt eis är Kommentaren, Wënsch & Nei Idiën hannerloossen op  oder iwwert den Kontaktformular.

.

Administrativenrot Art. 3-06 (V002)

Zesummesetzung:

Den Administrativenrot besteet aus 5 erwuessene Membere vun den LGS. Den Administrativenrot bestëmmt fir d’Dauer vu sengem Mandat ee vu senge Memberen zum President, deen d ‘Reunioune leet. D’Membere vum Administrativenrot si Member vum Verband an dierfen net Member vum Ombudsrot, Verbandsgrupp oder Verbandsrot sinn.

Chargen a Kompetenzen:

D’Aufgab vum Administrativenrot ass et, tëschent zwou oder méi Parteien ze decidéieren oder bei “verwaltungstechnesche” Problemer.

  • Den Administrativenrot kann duerch e Member vun den LGS ugeruff ginn:
  • bei Decisioune vum Exekutivcomité, de Commissairen, dem Verbandsgrupp
  • bei Problemer vun de Statute resp. de Reglementer.
  • Wann den Administrativenrot ugeruff ginn ass:
  • héiert den Administrativenrot déi verschidde Parteien un a kann sech weider Informatioune bei Drëtten anhuelen.
  • muss den Administrativenrot no dräi Méint eng Decisioun mat einfacher Majoritéit vun de Memberen geholl hunn.
  • schreift den Administrativenrot pro Fall e Rapport, wou déi betreffend Parteien drop stinn, eng kuerz Beschreiwung vum Problem, d’Zesummesetzung vum Administrativenrot, d’ Datumen an d’ Präsenz vun de Versammlungen an der Decisioun. Dëse Rapport muss den Administrativenrot 14 Deeg, nodeems een eng Decisioun geholl huet, un déi respektiv Parteien an dem Verbandsrot ofginn.
  • D’ Membere vum Administrativenrot hunn d’ Méiglechkeet eng opinion séparée, dissidente ou concordante als partie intégrante vum Rapport ofzeginn.Wahl:Mandatsdauer: Demissioun & Revocatioun:
    Falls e Member vum Administrativenrot fréizäiteg ausscheet, gett de Member bannent 1 Mount vum Verbandsrot nei ersat.
  • E Member vum Administrativenrot kann, bei schwéiere Verstéiss géint d’Statuten oder d’Reglementer vum Verband, duerch d’Decisioun vum Verbandsrot  vu senger Funktioun entbonne ginn.
  • D’Dauer ass déiselwecht wéi d’Dauer vum Mandat vum Verbandsrot, se gett ausnamsweis verlängert wann e lafende Litige beim Enn vum Mandat nach en cours ass, bis de Litige ofgeschloss ass.
  • D’Membere gi vum Verbandsrot bestëmmt.

Argumentatioun, Explikatiounen a Froen

Mir hunn déi Zweestufegkeet vum Ombudsrot an dem Eirerot opgehuewe well mir net vill Sënn dra gesinn. De Prinzip aus dem Droit vum Jugement an d’ Méiglechkeet dogéint an appel ze goe si jo elo de Fall. Mir hunn eis iwwerluecht dem Ombudsrot an dem Eirerot, wat elo Administrativenrot heescht, verschidden Aufgaben ze ginn.
Den Ombudsrot ass do fir tëschent “mënschleche Problemer” ze tranchéieren.
Den Administrativenrot ass do fir bei “verwaltungstechnesche” Problemer respektiv Decisiounen ze tranchéieren.

Mir hunn beim Administrativenrot d’Méiglechkeet vun der opinion séparée agefouert, well et net ëmmer méiglech ass eng eendeiteg Decisioun ze huelen, respektiv well d’Stauten an d’Reglementer Interpretatiounsspillraum loossen

 

 

13.09.2018   Administrativenrot_V002.pdf