Exekutivcomité

Dir kënnt eis är Kommentaren, Wënsch & Nei Idiën hannerloossen op  oder iwwert den Kontaktformular.

.

Exekutivcomité Art. 3-01 (V003)

Zesummesetzung:

Den Exekutivcomité besteet aus 5 Leit. E setzt sech zesummen aus
– dem Commissaire général(e)
– dem Commissaire général(e) adjoint(e)
– dem/der Responsabelen (er) fir déi Jonk (Programm)
– dem/der Responsabelen (er) fir déi Erwuessener (Formatioun)
– dem/der Responsabelen (er) fir de Support

Chargen & Kompetenzen:

De Commissaire général(e) leet a vertred de Verband, huet no baussen d’ Funktioun vum President/in, an ënnerschreift an dëser Funktioun.
De Commissaire général(e) adjoint (e), hëlleft dem Commissaire général(e), bei senge Chargen, an iwwerhëlt dem Commissaire général(e) seng Chargen oder Deeler vun der Charge wann de Commissaire général (e) des net ausféiere kann, huet no baussen d’ Funktioun vum Secrétaire général, an ënnerschreift an dëser Funktioun.
Den/déi Responsabel fir déi Jonk këmmert sech mat de Memberen aus de Branchenekippen an de Spezialekippen em déi programmatesch & pädagogesch Aktivitéite vum Verband am Aklang mat den Ziler, der Ausriichtung an der Method vum Verband.
Den/déi Responsabel fir déi Erwuessen këmmert sech mat de Memberen aus de Branchenekippen an de Spezialekippen em d’Aktivitéite fir d’Formatioun vun de Chef(taine) vum Verband am Aklang mat den Ziler, der Ausriichtung an der Method vum Verband.
Den/déi Responsabel fir de Support këmmert sech mat de Memberen aus de Brancheekippen an de Spezialekippen drëm déi Medial Präsenz vum Verband ze koordinéieren, d’Verbandsverméigen ze verwalten, a bei groussen Aktivitéiten déi néideg logistesch Ënnerstëtzung ze koordinéieren, huet no baussen d’ Funktioun vum Tresorier, an ënnerschreift an dëser Funktioun.

Den Exekutivcomité
– féiert de Verband no de Statuten an de Reglementer a mat deem Budget, deen de Verbandskongress ugeholl huet,
– leet déi grouss Orientéierung vum Verband fest, no den Décisioune vum Verbandskongress, sicht Mëttelen a Weeër fir d’Décisioune vum Verbandskongress an d’Praxis ëmzesetzen;
– ass responsabel fir d’Verbandsverméigen.
– steet dem Verbandsrot Ried an Äntwert

Décisioune vum Exekutivcomité:

Den Exekutivcomité ass beschlossfäheg wann d’ Majoritéit vu senge Memberen do sinn. Sollt eng Ofstëmmung néideg sinn, ginn d’ Décisioune mat einfacher Stëmmemajoritéit geholl. Am Fall wou d’ Resultat vun der Ofstëmmung ex-aequo ass gëllt dem Commissaire général(e) seng Stëmm duebel, bei Absence vum Commissaire général(e) gëllt dem Commissaire général(e) adjoint(e) seng Stëmm duebel.

Wahl:

D’ Membere vum Exekutivcomité musse Member vum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten a mindestens 18 Joer bei der Wahl sinn.
Den Exekutiv Comité get als eng Eenheet op dem reguläre Verbandskongress gewielt fir Dauer vun engem Mandat vun 3 Joer vun de stëmmberechtegte Memberen. Am Fall wou den Exekutivcomité op engem ausseruerdentleche Kongress gewielt get, ass d’Dauer vum Mandat 3 Joer plus déi Zäit déi verbleiwt bis zum reguläre Kongress.
Bei der Wahl ass d’ Chargeverdeelung bekannt.

Mandatsdauer:

Déi eenzel Membere vum Exekutivcomité kënnen nëmme maximal 2 ganz Mandater an een ugefaangent Mandat Member am Exekutivcomité sinn.

Demissioun & Revocatioun:

Wärend engem Mandat kënne maximal 2 Memberen, ausser dem Commissaire général(e), duerch kooptéiert Memberen ersat ginn. Des kooptéiert Membere mussen op dem nächste reguläre Kongress bestätegt ginn.
Wann de Commissaire général(e) demissionéiert, oder seng Charge net méi ausféiere kann, iwwerhëlt de Commissaire général(e) adjoint(e) d’ Aufgaben a Flichten vum Commissaire général(e) adjoint(e) als Commissaire général(e) faisant fonction fir de Rescht vum Mandat.
Wann de Commissaire général(e) faisant fonction och demissionéiert, oder de Commissaire général(e) an de Commissaire général(e) adjoint(e) zesummen demissionéieren, oder bei der Demissioun vu mindestens 3 Memberen, ass den Exekutivcomité opgeléist.
Den Exekutivcomité kann ob Demande vun 2/3 vun all de stëmmberechtegt Memberen, op engem reguläre Verbandskongress d’Vertrauensfro gestallt kréien. Wann 2/3 vun de stëmmberechtegte Memberen déi um Kongress present sinn dofir sinn, dann ass den Exekutivcomité opgeléist.
Wann den Exekutivcomité opgeléist ass, muss de Verbandsrot innerhalb vun 3 Méint en extraordinäre Kongress aberuffen, den Termin ka verlängert gi bis zu 6,5 Méint, wann an der Period vun 3 bis 6,5 Méint een uerdentleche Kongress souwisou stattfënnt fir en neien Exekutivcomité ze wielen, an de Verbandsrot iwwerhëlt kommissaresch déi lafend Geschäfter vum Verband, bis een neien Exekutivcomité gewielt ass.

Argumentatioun, Explikatiounen a Froen

D ‘Fonctioune vum President, Secrétairë général an Tresorier sinn derbäi geschriwwe ginn aus verwaltungstechnesche Grënn. Banken etc. hunn do heiansdo Problemer mat eise Bezeechnungen.

 

13.09.2018   Exekutivcomité_V003.pdf