Ombudsrot

Dir kënnt eis är Kommentaren, Wënsch & Nei Idiën hannerloossen op  oder iwwert den Kontaktformular.

.

Ombudsrot Art 3-05 (V002)

Zesummesetzung:
Den Ombudsrot besteet aus 5 Erwuessene Membere vun den LGS, an huet op d’mannst 2 Frae respektiv 2 Männer. Den Ombudsrot bestëmmt fir d’Dauer vu sengem Mandat ee vu senge Memberen zum President, deen d’Reunioune leet. D’Membere vum Ombudsrot si Member vum Verband an dierfen net Member vum Administrativenrot, Verbandsgrupp oder Verbandsrot sinn.

Chargen a Kompetenzen:
D’Aufgab vum Ombudsrot ass et tëschent zwou oder méi Parteien ze vermëttelen, bei tëschemënschleche Problemer, fir op Basis vum Guiden- a Scoutsgeescht eng gemeinsam Léisung fir de Problem ze fannen, mat där jidderee liewe kann.
Den Ombudsrot kann duerch e Member vun den LGS ugeruff ginn:

  • bei gréissere Meenungsverschiddenheeten tëschent Membere vum Verband
  • bei grousse mënschlechen Differenzen
  • wann e Member sech ongerecht behandelt fillt.

Wann den Ombudsrot ugeruff ginn ass:

  • héiert den Ombudsrot déi verschidde Parteien un a kann sech weider Informatioune bei Drëtten anhuelen.
  • versicht en eng gemeinsam Léisung ze fanne mat all de bedeelegte Parteien.
  • schreift en pro Fall e Rapport, wou déi betreffend Parteien drop stinn, eng kuerz Beschreiwung vum Problem, d’ Zesummesetzung vum Ombudsrot, d’Datumer vun de Versammlunge matt enger Präsenzlëscht.
  • muss hien dräi Méint, nodeems en ugeruff ginn ass, de Rapport ofginn.
    Dëse Rapport gett un déi respektiv Parteie geschéckt, un de Verbandsrot an un den Exekutivcomité.

Am Fall wou eng gemeinsam Léisung fonnt ginn ass:

ënnerschreiwen déi betreffend Parteien an den Ombudsrot dëse Léisungsvirschlag. Hien ass partie intégrante vum Rapport.

Am Fall wou keng gemeinsam Léisung fonnt ginn ass:

  • schreift den Ombudsrot een Avis de non-conciliation dee vum Ombutsrod ënnerschriwwe gett. Dësen Avis ass partie intégrante vum Rapport.

Wahl:
Dräi vun dëse Membere gi vum Verbandsrot an zwee vun dëse Membere gi vum Exekutivcomité ënnert den erwuessene Membere vun den LGS bestëmmt.
D’Mandatsdauer vum Ombudsrot ass déiselwecht wéi déi vum Exekutivcomité, se gett ausnamsweis verlängert wann ee lafende Litige en cours ass, beim Enn vum Mandat, bis de Litige ofgeschloss ass.

Demissioun & Revocatioun:
Falls ee Member vum Ombudsrot fréizäiteg ausscheet, gett de Member bannent 1 Mount ersat duerch de Gremium aus dem den ausscheedende Member bestëmmt ginn ass.
E Member vum Ombudsrot ka bei schwéiere Verstéiss géint d’Statuten oder d’Reglementer vum Verband, duerch Décisioun vum Verbandsrot, vu senger Funktioun entbonne ginn.

Mandatsdauer:
D’Mandatsdauer vum Ombudsrot ass déiselwecht wéi déi vum Exekutivcomité, se gett ausnamsweis verlängert wann ee lafende Litige en cours ass, beim Enn vum Mandat, bis de Litige ofgeschloss ass.

Argumentatioun, Explikatiounen a Froen

Mir hunn déi Zweestufegkeet vum Ombudsrot an dem Eirerot opgehuewen, well mer net vill Sënn dra gesinn. De Prinzip aus dem Droit vum Jugement an d’Méiglechkeet dogéint an appel ze goen, si jo elo u sech de Fall. Mir hunn eis iwwerluecht dem Ombudsrot an dem Eirerot, wat elo Administrativenrot, heescht verschidden Aufgaben ze ginn.
Den Ombudsrot ass do fir tëschent “mënschleche Problemer” ze tranchéieren.
Den Administrativenrot ass do fir bei “verwaltungstechnesche” Problemer respektiv Décisiounen ze tranchéieren.
Mir hunn beim Ombudsrot drop gehalen dass Fraen a Männer vertruede sinn, wëllt et em tëschemënschlech Problemer geet.

 

13.09.2018   Ombudsrot_V002.pdf