Verbandsrot

Dir kënnt eis är Kommentaren, Wënsch & Nei Idiën hannerloossen op  oder iwwert den Kontaktformular.

.

Verbandsrot Art. 3-02 (V001)

Zesummesetzung:
De Verbandsrot besteet aus 9 Leit. E soll sech zesumme setzen aus
– 1 stëmmberechtegte Member, aus de jeeweilege Branchen (Biber, Wëllef, AvEx, CaraPio, RaRo)
– 2 stëmmberechtegte Membere vun de Gruppechef(taines) oder de Gruppechef(taines) adjoint(es)
– 1 stëmmberechtegte Member vun de Chef(taines) déi mat Behënnerte Scouten schaffen
– 1 stëmmberechtegte Member vun den Aumônier / Animateur spirituell.

Chargen a Kompetenzen:
De Verbandsrot:
– vertrëtt d’ Cheftainen an d’ Chef an de Perioden tëscht de Verbandskongresser.
– rifft den uerdentlechen an ausseruerdentleche Kongress an, leed de Kongress a mécht den ordre du jour vum Kongress.
– iwwerhëlt d’ Leedung vum Verband wann den Exekutiv Comité opgeléist ass.
– schafft Reglementer aus an decidéiert driwwer. Des Reglementer kennen op eegen Initiativ vum Verbandsrot oder op Initiativ vun op mannst vu 5 Memberen aus dem Verband sinn.
– ernennt een Deel vun de Memberen aus dem Ombudsrot
– ernennt d’ Memberen aus dem Administrativenrot
– iwwerwaacht de Budget vum Verband, muss säin Accord gi fir ausserbudgetaire Ausgaben, an ernennt d’ Keesereviseuren.
– suergt dofir dass Decisioune vum Kongress agehale ginn.
– iwwerwaacht d’ Aarbecht vum Exekutivcomité, muss säin Avis resp. Äntwere ginn op all Virschléi resp. Froen déi vum Exekutivcomité kommen.
– rifft een ausseruerdentleche Kongress zesumme wann op d’mannst 50% vun den stëmmberechtegte Membere vum Verband dat verlaangen.

De Verbandsrot muss op d’mannst 3 mol am Joer zesumme kommen, d ‘Invitatioune sinn op mannst 2 Wochen am Viraus mam ordre du jour un d’Membere vum Verbandsrot ze verschécken.
De Verbandsrot kann “extern Beroder / Mataarbechter” an seng Versammlungen invitéieren, wann hien dat fir néideg fënnt, des “extern Beroder / Mataarbechter” hunn awer kee Stëmmrecht am Verbandsrot.
De Verbansdrot muss all Propose vu Statutenännerung, wann se op d’mannst vun 10 stëmmberechtegte Membere gedroe gett, op den ordre du jour vum nächste Kongress setzen, am Aklang mat den Artikel vun de Statutenännerung.
De Verbandsrot wielt e President(in), de Reunioune leed an aberifft, fir d’Dauer vum Mandat.
De Verbandsrot muss zesummekommen, wann op d’mannst 1/3 vu senge Memberen et verlaangt.
De Verbandsrot mécht vun all senge Reuniounen ee Rapport, och vum Kongress, a verschéckt se un seng Memberen an un den Exekutivcomité. Des Rapporte mussen an der Zentral vun den LGS archivéiert ginn.
Am Fall wou den Exekutivcomité opgeléist ass, muss de Verbandsrot aus senge Memberen en Commissaire général(e), dem Commissaire général(e) adjoint(e) an dem/der Responsabelen(er) fir de Support nominéieren, des Funktioune si “faisant fonction” bis zur Wahl vum neien Exekutivcomité.
De Verbandsrot ass beschlossfäheg wann d’ Majoritéit vu senge Memberen do ass. Sollt eng Ofstëmmung néideg sinn, ginn d’ Décisioune mat 2/3 Stëmme Majoritéit geholl. Wann de Verbandsrot net beschlossfäheg ass, gëtt en “aussergewéinleche Verbandsrot” fir fréistens no zwou Wochen a spéitstens no engem Mount statuteméisseg aberuff. Dëse Verbandsrot hëlt d ‘Décisioune mat 2/3 Majoritéit, egal wéivill Memberen do sinn.

Wahl:
D’ Membere vum Verbandsrot musse Member vum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten sinn.
D’ Membere vum Verbandsrot ginn op dem reguläre Verbandskongress gewielt fir d’Dauer vun engem Mandat vun 3 Joer vun de stëmmberechtegte Memberen. Am Fall wou den Exekutivcomité op engem ausseruerdentleche Kongress gewielt gett, ass d’Enn vum Mandat 1 Joer no der Wahl vum Exekutivcomité plus déi Zäit déi verbleiwt bis zum reguläre Kongress.

Mandatsdauer:
Déi eenzel Membere vum Verbandsrot kennen nëmme maximal 3 ganz Mandater an eent ugefaangent Mandat Member am Verbandsrot sinn.
D’Wahl vum Verbandsrot ass op engem reguläre Kongress.
Am Fall wou den Exekutivcomité op engem reguläre Kongress gewielt ginn ass, ass d’Wahl vum Verbandsrot
1 Joer no der Wahl vum Exekutivcomité.
Am Fall wou den Exekutivcomité op engem ausseruerdentleche Kongress gewielt ginn ass, ass d’ Wahl vum Verbandsrot 1 Joer no der Wahl vum Exekutivcomité plus déi Zäit déi bleift bis zum reguläre Kongress.

Demissioun & Revocatioun:
Wann e gewielte Member fréizäiteg ausscheed, wielt den nächste Verbandskongress en Nofolger, dee säi Mandat zu Enn féiert. Wann de President(in) fréizäiteg ausscheed, da muss den “doyen d’âge” vum Verbandsrot fir spéitstens 6 Wochen no dem Ausscheede vum President(in) en aussergewéinleche Verbandsrot aberuffen, wou den neie President(in) gewielt gett, egal wéivill Membere present sinn.
De Verbandsrot kann ob Demande vun 2/3 vun all de stëmmberechtegte Memberen, op engem reguläre Verbandskongress d’Vertrauensfro gestallt kréien. Wann 2/3 vun de stëmmberechtegte Memberen déi um Kongress present sinn dofir sinn, dann ass de Verbandsrot opgeléist. An dem Fall muss op dem selwechte Kongress e neie Verbandsrot gewielt ginn, fir de Rescht vum Mandat vun dem ofgewielte Verbandsrot

Argumentatioun, Explikatiounen a Froen

De Punkt vun de Chargen, falls den Exekutivcomité opgeléist gett, ass bäigesat gi wéinst de Funktiounen (voir Banken etc) net dass mer op emol net méi handlungsfäeg si well mer keen Exekutivcomité méi hunn.

 

13.09.2018   Verbandsrot_V001.pdf